Aktuelles
KONSCHTDAG 23. a 24. Juli 2016 op der Koffergrouf zu Stolzebuerg
1 . Samsdes 23. Juli 2016: fir Jugendlecher vun 11 Joer un:
vun 10-17 Auer: Mir bauen dee fréiere Koffergroufschlitt no.
An der Zäit (bis +/- 1930) gouf de Koffer op engem Schlitt vu Päerd durch d'Baach bis an d'Duerf gezunn. Dëse Schlitt wëlle mir nobauen a virun der Koffergrouf opriichten. (Iessen am Atelier mat dran) Umeldung obligatoresch op jkp.lu/ comite@jkp.lu bis den 18.Juli!
2 . Samsdes 23. Juli 2016: fir Kanner vun 3-10 Joer:
vun 14-16 Auer: Mir maache flott Atelieren a Spiller iwwert a mat Waasser bei der Koffergrouf. Umeldung obligatoresch op jkp.lu/ comite@jkp.lu bis den 18.Juli! (D'Kanner kommen a Begleedung vun 1 Elterendeel /Erwuessenen)
3 . Sonndes 24. Juli 2016:
- vun 10-12 Auer: Visite mat Guide vun der Koffergrouf (fir d'Participante vum Konschtdag an hir Elteren AN interesséiert Leit aus der Gemeng)
- ab 12 Auer: Iesse bei der Koffergrouf (gratis fir d'Participante vum Konschtdag 2016) an Erklärungen zum Schlitt. Umeldung obligatoresch op jkp.lu/ comite@jkp.lu bis den 18.Juli!
Ween oder waat sin mir
D’Jugendkommissioun vun der Gemeng Petschent:
-
Wat as d’Jugendkommissioun?
D’Jugendkommissioun hëllt Initiativen an ennerstetzt Verainer an der Planung vun Aktivitéiten fir di Jonk aus eiser Gemeng.
-
Sait wini gett ett d’Jugendkommissioun?
D’Jugendkommissioun hat hir 1. offiziell Versammlung den 22.Oktober 2013.
Memberen
D’Memberen vun der Jugendkommissioun sin:
Christian Zanter (Präsident)
Françoise Schirtz-Willems (Vize-Präsidentin)
Françoise Mangen-Schintgen (Sekretärin)
Lotti Kanivé-Biewer (Member)
Didier Catita (Member)
Roger Zanter ( Member)
Michel Ersfeld (Member)
Kai Jacobs (Member)
Marc Schiltges (Member)
Marc Smeets (Member)
